Bienvenue

  • Message vum 20. Abrëll 2023

WICHTEG:

D’Schüler vun 2e an 3e ginn freides mëttes all an de Festsall (ausser 2CE1) de Virtrag vum Michael Martin lauschteren!

Villmools Merci

Decker E.

  • Message vum Mäerz 2023

Léif Schülerinnen a Schüler,

d’Fuussendeeg ënner dem Motto “Modern times” récken ëmmer méi no. Geschwënn kënnt Dir iech fir d’Atelieren umelden.

Hei sinn schon e puer wichteg Informatiounen zum Oflaf vun de Fuussendeeg.

Freiden, den 5. Mee 2023

  • Charityrun fir 7e
  • Atelieren fir 6e bis 4e
  • Beruffsvirstellungen fir 3e an 2e

Méinden, den 8. Mee 2023

  • Fuusserallye fir 7e
  • Atelieren fir 6e bis 2e
  • 2e-Schülerinnen a Schüler hunn d’Méiglechkeet als Accompagnateur beim Fuusserallye matzegoen
  • 3e-Schülerinnen a Schüler hunn d’Méiglechkeet um Campus e Stand fir de Fuusserallye unzebidden
  • 4e-Schülerinnen a Schüler hunn d’Méiglechkeet en Atelier fir d’Klassen 6e-5e ze organiséieren

Wéi eng Atelieren organiséiert ginn, kanns du am Dokument “Descriptif” an am Programm fir den 5. an 8. Mee noliesen. Dës Dokumenter fënns du ënner der Rubrik Menu>Ateliers>Téléchargements oder an dengem Teams.

Den Horaire vun de Fuussendeeg ass am Prinzip folgenden:

Atelier 1: 8h15-9h45

Paus: 9h45-10h15

Atelier 2: 10h15-11h45

Mëttespaus: 11h45-12h45

Atelier 3: 12h45-14h15

WICHTEG!

Fir all Atelier, deen ausserhalb vum LMRL stattfënnt gëllt Folgendes:

  • Dot iech de Wiederconditiounen entspriechend un!
  • Bréngt e Picknick fir d’Mëttesstonn an e Bidon matt Waasser matt!

Informatiounen zu den Inscriptiounen:

  • D'Inscriptioune lafe vum 19. Abrëll 14h30 bis den 21. Abrëll 18h00.
  • Fir dech an en Atelier anzeschreiwen, brauchs du däin IAM Login.
  • All Schüler schreift sech an 1 Pack pro Dag an. Et ass net erlaabt, seng Inscriptioun ze annuléieren an sech nei anzeschreiwen.
  • Du kriss eng Confirmatioun per Mail op @school.lu, dei an der educloud accessible ass.
  • D’Ateliere mam Numero 05- fanne freides, den 5. Mee an d’Ateliere mam Numero 08- méindes, den 8. Mee 2023 statt.
  • Fir all weider Informatioun kënnt Dir e Mail op elodie.decker@education.lu maachen.